Association pour le droit de mourir dans la dignité - Lëtzebuerg a.s.b.l.

Mitglied von Right-to-Die Europe & World Federation of Right-to-Die Societies

Problemer, Stierfhëllef hei am Land ze kréien

Problemer Stierfhellef hei am Land ze kreien


Et feelt un Opklärung, esou d’Kommissioun, déi d’Euthanasie kontrolléiert. Si gesäit Dokteren a Medien an der Flicht.

D’Commission Nationale sur l’Euthanasie lancéiert en Appel: An der Moyenne ginn et am Joer hei am Land 8 Euthanasien, wat der am Verglach mam Ausland ganz wéineg sinn – ënnert anerem well et un Informatioun zum Thema hei feelt!

Souwuel d’Medie missten hei hëllefen, mä och d’Doktere wieren an der Responsabilitéit a sollen d’Patienten opklären, sou de President vun der Kommissioun, déi d’Euthanasie kontrolléiert, an och kuckt, ob d’Euthanasie-Gesetz richteg gräift.

Den Dr Carlo Bock stellt fest, dass et zu Lëtzebuerg Leit gëtt, déi eng Euthanasie wëllen a wierklech Schwieregkeeten hätten, och eng ze kréien; et géif nämlech eng relativ grouss Resistenz vu verschiddenen Dokteren, Euthanasie ze maachen.

Zënter dem Mäerz 2009 gëtt et jo e Gesetz, dat d’Stierfhëllef depenaliséiert. D’Kommissioun recommandéiert eng speziell Consultatioun beim Dokter – an der Belsch existéiert dat Gespréich mam Patient ënnert dem Numm « Consultation Médico-Ethique ».

Et géif do e Chiffer, tëscht 1,7 an 2%, wann een dat op d’Doudesfäll bezitt, déi et an engem Joer gëtt, kéint een erausfannen, wéi vill mol Euthanasie gemat ginn ass, de Dokter Carlo Bock huet nogerechent a gëtt eis d’Beispill vun 2012: ronn 3.500 Doudesfäll gouf et zu Lëtzebuerg – ergo kéinten hei 60 Euthanasien dobäi sinn. An Holland an an der flammännescher Belsch wier dat esou – hei goufen et 2012, 9 Euthanasien. Eppes ganz aneres also! De President vun der Euthanasie-Kommissioun confirméiert.
Iert d’Gesetz gestëmmt ginn ass, gouf vun de Géigner vun der Euthanasie dacks matt der Méiglechkeet vu Mëssbrauch argumentéiert, oder dass een den Euthanasie-Tourismus an d’Land géing lackelen – net een esou e Fall géif et, sou de President vun der Kommissioun, dee nach eng Kéier drun erënnert, dass si alles genee kontrolléieren – just kloer Fäll hätt een gehat.

Och wann d’Gesetz elo net misst opgemaach ginn, sollt seng Ëmsetzung, dem Carlo Bock no awer deels verbessert ginn. Um Schluss nach e Beispill: de Québec huet viru kuerzem d’Euthanasie legaliséiert, an ass e Stéck méi wäit gaangen: d’Spideeler sinn obligéiert Euthanasie ze man, wann de Patient dat freet.

Publié dans Non classé